NEWSLETTER 03.2021

 

Léif Memberen

 

Mat Erstaunen hu mer festgestallt dass neierdéngs eng Plaz Recrutement interne/Carrière ouverte bei der Douane ausgeschriwwe gouf.

 

https://govjobs.public.lu/fr/postuler/recrutement-interne/carriere-ouverte/fonctionnaires/2021/B1/Mai/20210507-rdacteurdesdouanesmf-76435.html

 

Et ass eng eenzel Plaz a mir wëssen de Moment net richteg wéi mer dëse Schratt interpretéiere sollen.

 

Zemools well déi Plaz net um Intranet verëffentlecht gouf, esou dass all déi interesséiert Beamten och a Kenntnis wieren...

 

An enger idealer Welt wier et d’Erhéiere vun eise sëllegen Ufroen zu deem Thema an en Zeechen vum Ëmdenken an eiser Verwaltung dat motivéierte Beamten et erméiglecht sech eropzeschaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen.

 

Mir kucken dëser Entwécklung gespaant no, an kënnen de Moment nëmmen hoffen dass et e positiivt Signal wäert sinn.

 

All interesséierte Beamte fir d’Carrière ouverte wier gutt beroden d’INAP Coursen ze besichen déi dofir virgesi sinn.

 

https://fonction-publique.public.lu/dam-assets/fr/formulaires/carriere-ouverte/fiche-inscription.docx

 

Äre Comité

 

 

 

NEWS 04.03.2021

 

 

 

 

Accord salarial

 

D’CGFP huet sech dës Woch mam Minister vun der Fonction Publique gëeenegt an den Accord salarial ënnerschriwwen dee fir d’Joren 2021 an 2022 gëllt.

 

D’Diskussiounen zum neien Accord salarial hunn awer schonn am Joer 2020 ugefaange wou am Comité fédéral d’Ënnerorganisatioune vun der CGFP wéi ë.a. d’Association générale des Cadres (AGC) mam Steve Keipes a Lynn Luciani wéi och d’Association professionnelle de la Fonction publique mam Daniel Da Silva Cruz, sech geäussert hunn dass een an dëse schwieregen Zäite fir d’Lëtzebuerger Land , sech solidaresch weise sollt an eng Punktwäerterhéigung (déi lescht datéiert schonn op 2016) z.B. net vertrietbar an opportun wier, soudass d’Gespréicher sech éischter Richtung «maintient des acquis sociaux» orientéiert hunn.

 

Mir ginn hei speziell op 4 vun de gesamt 8 Punkten déi am Accord salarial ënnerschriwwe goufen an:

 

  1. Le gouvernement s’engage à maintenir les acquis sociaux, notamment les principes et mécanismes généraux à la base du statut général et du régime des rémunérations, primes incluses, tel que définis au moment de la signaturedu présent accord.

 

D‘Rumeuren dass eis Primm d’astreinte um Spill géing stoe well d’Douanesgewerkschaft sech fir d’Respektéiere vun de legalen Aarbechtszäiten asetzt si mat dësem Punkt berengegt!

 

  1. Au vu du constat qu’au cours de la dernière année le télétravail a connu une évolution

 

impressionnante, un projet de règlement grand-ducal sera élaboré en étroite collaboration avec

 

la CGFP afin de donner à cette forme de travail un nouveau cadre.

 

Den Télétravail ass säit der Grënnung vun der Douanesgewerkschaft e wichtegt Thema fir eis, en Thema dat mir ëmmer op den «Ordre du jour» vun de Reuniounen mat der Douanesdirektioun gesat hunn. D’Argument dass kee prezise Gesetzestext fir den Teletravail existéiert wäert deemnächst mam Ausschaffe vun engem Règlement grand-ducal geléist ginn. Och an dësem Aarbechtsgrupp wäerte Comitésmemberen vun der Douanesgewerkschaft matschaffen an d’Besoine vun den Douaniere mat afléisse loossen. 

 

 

 

 

  1. Les signataires entameront au cours de l’année 2021 les négociations en vue de résoudre la problématique liée à la préretraite des agents de l’Etat entrés en service à partir du 1er Janvier 1999 et ayant travaillé en travail posté pendant une durée de20 ans. 

 

D’Douanesgewerkschaft kann sech vis à vis vun dësem Dossier als Initiator gesinn a mir si frou dass d’CGFP sech dëser Problematik mat ugeholl huet.

 

  

 

  1. Actuellement, il existe un certain nombre d’incohérences au niveau de l’agencement des carrières inférieures prévues par la loi sur les traitements des fonctionnaires de l’Etat et qui évoluent dans les catégories de traitement C et D. Il en est de même des catégories d’indemnité C et D. Afin d’harmoniser le déroulement de ces carrières et de mettre en place une structure plus transparente et équitable, il est prévu de créer deux seuls groupes de traitement/d’indemnité C1 et C2, selon que les agents ont accompli ou non 5 années d’études secondaires ou équivalentes. La mise en vigueur de l’harmonisation des carrières inférieures sera le 1er juillet 2022. La problématique de la carrière de l’aide-soignant(e) sera intégrée dans ce projet d’harmonisation. 

 

 

 

D’Inkoherenzen an de fréiere sougenannten «carrières inférieures» si säit Jore bekannt. Och hei hunn 2 Comitésmembere vun der Douanesgewerkschaft, den Daniel Da Silva Cruz an de Steve Brickler, un de Gespréicher deelgeholl an hunn d‘Delegatioun verstäerkt déi mam Minister Hansen am direkten Austausch war. Zesummen huet een d’Restrukturéierung vun de Karriäre C an D op de Leescht geholl.

 

Haut hu mer et schwaarz op wäiss; den Douanier deen haut an der D1 Karriär ass wäert ab dem 1. Juli 2022 dem Groupe de traitement C1 ugehéieren.

 

 

 

 

 

 

 

De Comité

 

 

 

 

Download
QP Télétravail Fonction Publique
223564.pdf
Adobe Acrobat Dokument 199.3 KB
Download
NEWS 25.09.2020 Parking direction
Parking 25.09.2020 (1).pdf
Adobe Acrobat Dokument 204.9 KB

NEWS 22.09.2020

Download
Communiqué de presse 22.09.2020
communiquédepresse22.09.pdf
Adobe Acrobat Dokument 251.6 KB

News 21.09.2020

Download
Avis juridique Douanesgewerkschaft (légalité des contrôles)
Avis juridique Douanesgewerkschaft (léga
Adobe Acrobat Dokument 4.6 MB
Download
Avis juridique Douanesgewerkschaft (Registres, signé)
Avis juridique Douanesgewerkschaft (Regi
Adobe Acrobat Dokument 4.8 MB
Dat neit Aarbechtszäitegesetz ass op der leschter Ligne droite
Léiw Memberen,  

Den 29.07.2020 war e wichtege Moment fir d‘Fonction publique. De Minister Hansen huet de Projet de loi fir d’Ëmännerung vun den Aarbechtszäiten an der Fonction publique eragereecht. An dësem Projet de loi ginn all Méiglechkeete vun der Direktive 2003/88/CE, déi mir och an onsem „Aménagement du temps de travail et de repos“ (ATT) opgelëscht haten, an e nationaalt Gesetz ëmgesat. 

https://www.chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doDocpaDetails&id=7644

Wat fir d’Douane besonnesch wichteg ass wäert d‘Definitioun vum „travail posté“ sinn; dëst ersetzt den Therme „équipe successives“ vum klasseschen 3 Roulement Schichtdéngscht an ëmfaasst ab deem Moment all Aart vu Schichten déi successiv an net successiv sinn. Heimat wier de ganzen Aussendéngscht vun der Douanes an Zukunft duerch dëst Gesetz a sengem Deel iwwert den travail posté gereegelt. 

Mir hunn et laang ugedeit a ware perfekt mat eisem ATT drop virbereet deen domat all d’Ausname kéint reegelen - ewéi d’Derogatioun op déi hallef Stonn Paus, speziell Missiounen, Permanencen asw. D’Police an d’Arméi notzen dës Méiglechkeet iwwregens schonn zënter engem Joer! 

Dofir kenne mir et einfach net novollzéien dass eis Direktioun fir dëse September Ëmännerungen am Aarbechtshoraire duerchsetzt. Dës si weder am Aklang mat den aktuelle Gegebenheeten, nach mat der Direktive 2003/88/CE. Se berécksiichtegen net onse proposéierten Aménagement du temps de travail et de repos an opposéieren sech dem neien Projet de loi a quasi alle Punkten. Dës Ëmännerunge sinn eng Verschlechterung fir d’Work life balance vun de Beamten am Aussendéngscht. 

Aus dëse Grënn bleift eis näischt anescht iwwreg ewéi zesumme mat der CGFP op de Wee vum Litige ze goen. Hei kommen all Parteie mat engem Mediateur zesummen an et gëtt Kloertext geschwat an argumentéiert.

Mir hoffen dass der Direktioun d’Operationalitéit vun hirer Verwaltung wichteg ass, an se mat sech schwätze léisst an déi irrational Aarbechtshorairen am September net wäerten ugewannt ginn.

Et ass deemno just nach eng Saach vun der Zäit; entweder kucke mir gemeinsam an Zukunft mat engem ënnerschriwwenen ATT a kenne lo schonn dat kommend Gesetz applizéieren an d‘Verwaltung weider operationell halen oder d‘Directioun refuséiert weiderhin d‘Applicatioun vum ATT an d‘Beamte gi gezwongen sech un veraalten Aarbechtsgesetzer ze hale bis zäitno dat neit Aarbechtsgesetz a Kraaft trëtt an d‘Directioun hier Horairë rëm muss upassen. 


Äre Comité 

Réponses QP's CSV PIRATEN ADR du 26.05.2020

Download
Reponse CSV QP2074.pdf
Adobe Acrobat Dokument 1.8 MB
Download
Reponse ADR QP2081.pdf
Adobe Acrobat Dokument 647.5 KB
Download
Reponse Piraten 2148.pdf
Adobe Acrobat Dokument 134.9 KB
Download
Reponse Piraten QP2254.pdf
Adobe Acrobat Dokument 509.0 KB

Questions parlementaires CSV Piraten

Download
CSV
215638 (1).pdf
Adobe Acrobat Dokument 218.5 KB
Download
Piraten
215639 (1).pdf
Adobe Acrobat Dokument 190.2 KB

Aberuffe vun der Commission des Finances et du Budget

 

 

An engem rtl.lu–Artikel vum 16.05.2020 huet d‘Presidentin vun der Douanesgewerkschaft behaapt, dass Lëtzebuerg Grenzkontrollen net am Aklang mam Schengen-Accord duerchgefouert hätt ( „Lëtzebuerger Bedeelegung u Grenzkontrollen “net ganz legal”).

D’Piraten hunn dofir eng Sëtzung mam zoustännege Minister an dem Direkter vun der Douane ugefrot, fir dës ze beschwätzen.

 

 

https://www.piraten.lu/wp-content/uploads/2020/05/20200517-Piraten-Convocation-COFIBU-1.pdf

Download
Aberuffen Chamberskommissioun CSV 16.05
d87beab1c97ea35519e9e5deb088f09b.pdf
Adobe Acrobat Dokument 110.1 KB
Download
Qp Grenzkontrollen Sven Clement
214788.pdf
Adobe Acrobat Dokument 224.0 KB

Assemblée générale vun der Douanesgewerkschaft DGW, déi den 26 Mäerz sollt sinn, gëtt op e méi spéiden Datum verréckelt.

Download
Restrukturéierung vun den ënneschte Carrièren
Harmonisation carrières inférieures.pd
Adobe Acrobat Dokument 119.0 KB
Am Gespréich bei RTL

Nadine Back-Scholtes